Grad a onrouegen Zäiten kann Musek eis vill Freed an Zesummenhalt vermëttele. Dofir sangen a musizéieren mir weider zesummen, awer jiddereen a sengem Doheem! Bis Päischtvakanz fënnt d’Krabbel- a Butzemusek online statt.
Mir starten den 27. Abrëll an Dir kritt ëmmer Méindes en Dropboxfolder geschéckt mat Aktivitéiten, zum Beispill eng Mitmachvideosequenz vun ca. 20 Minutten, an Nouten, Audioopnamen, Playback an Videointroduktiounen vun eenzelen Lidder (dobäi sinn nei Lidder, an fir «déi al Huesen» och kënneg Saachen).
De Präis fir déi 5 Coursen bedréit 40 EUR.
Mellt iech weg bis den 25. Abrëll per e-mail un:
Bei der Umeldung brauche mir folgend Informatiounen:
Vum Kand: Numm, Virnumm a Gebuertsdatum
Vun engem Elterendeel: Numm, Virnumm, Adress, Mailadress
Ech freeën mech drop, aus der Distanz mat iech ze musizéieren an nach méi, wann mir eis erëm zesummen an e grousse Krees kënne sëtzen.
Léiw Gréiss
Dominique